Aktuell Informatiounen zur Schuedsoftware "Emotet"

Aktuell Informatiounen zur Schuedsoftware "Emotet"

Gefälscht E-Mails am Numm vu Bekannten a Kollege kompromettéieren am Moment ganz Netzwierker: Emotet gelt aktuell als eng vun de gréisste Bedrohungen duerch Bedruchssoftware weltwäit a verursaacht och hei an Europa aktuell grouss Schied.

Wat ass "Emotet" a wat mécht se?

Emotet liest Kontaktbezéiungen an E-Mail Inhalter aus de Postfächer vun infizéierte Systemer aus. Dës Informatioune ginn da benotzt fir dass sech d' Bedruchssoftware ka verbreeden. Empfänger kréie Mails vu Leit mat deenen se viru kuerzem an a Kontakt stoungen. Well den Empfänger, E-Mail Adress an och Signatur engem bekannt fir kennt, wierken sou Messagen op vill Leit ganz authentesch. Emsou méi héich ass de Risiko dass een en Anhang vun enger Mail oder e Link opmecht.

Wann de Computer bis infizéiert ass luet den Emotet nach weider Software erof fir ënner anerem komplett Netzwierker ze befalen. Fir Privatuwender kann eng Infektioun de Verloscht vun Daten, besonnesch vu wichtegen Zougangsdate bedeiten.
 

Wéi schützt een sech dofir?

  • Séchert reegelméisseg är Daten (Backups).
  • Installéiert reegelméisseg Séecherheetsupdates vum Betribssystem, Office, E-Mail Clients a Webbrowser.
  • Halt är Antivirensoftware aktuell.
  • Wann dir net sécher sidd wat en Anhang vun enger Mail oder ee Link ugeet frot einfach bei der Persoun no déi iech dës Mail geschéckt huet ir dir se opmaacht.

Wat kann ee maachen wann ee betraff ass?

  • Informéiert äert Ëmfeld iwwert déi Infektioun, well är Mailkontakter senn an dësem Fall besonnesch betraff.
  • Ännert op dem betraffenen Computer gespäichert Zougangsdonneen (z.B. am Webbrowser).
  • Bedruchssoftware hëlt vill sécherheetsrelevant Ännerungen vun engem System fir, dofir huet ee besser de Computer komplett nei ze installéieren an d'Backupen erëm opzespillen... wann een der dann gemaach huet ;)

 

Méi detailléiert Informatioune fannt der zum Beispill ënnert folgendem Link.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons