Den Atert-Lycée Réiden huet och dëst Joer rëm beim Projet vun der ALNU, der Association Luxembourgeoise des Nations Unies, matgemaach.
Leider woren dëst Joer just 3 Lycéeën (LCD, AL an ALR) mat insgesamt 6 Schülergruppen dobäi, wat bedauerlech ass an den Organisateuren ze denke gi misst.
Den ALR huet sech entscheed, eng 4eC “an d’Rennen ze schécken”, wat ongewéinlech ass, well dëse Projet fir 2e-Schüler ausgeschriwwen ass. Eis Schüler vun der 4eC2 vum Här Schloesser hunn sech awer richteg gutt geschloen, wat op der Ofschlosszeremonie och namol extra vum Juryspräsident ervirgehuewe gouf. Ganz knapp hannert dem Athénée de Luxembourg hunn eis jonk Spunten ëmmerhinn eng respektabel 5. Plaz mat hirem Dossier gemaach. Virun allem awer hunn si wäertvoll Erfarungen gesammelt beim Opstellen vu gemeinsame Resolutiounen am zum Sujet vun der Nohaltegkeet an dem fairen Handel. Sou konnten si ënner anerem vill flott Informatiounen aus éischter Hand vum Präsident vun Fairtrade Lëtzbuerg, dem Här Jean-Louis Zeien, gewuer ginn. Dem Gewënnerteam vum dësjärege Projet aus dem LCD eise Respekt fir hir vill Aarbecht a flott Prestatiounen