4e-2e Échange

4e-2e Échange

Ewéi all Joer huet erëm eisen traditionellen 4e-2e Échange (27.02.23) stattfonnt. Eis 4e-Schüler*innen aus dem ESC mussen an de nächste Méint entscheeden op wat fir enger Sektioun si hire schoulesche Parcours weiderféiere wëllen.

Dëse Choix beaflosst awer net nëmmen déi nächst Schouljoren am ALR, mee betrëfft natierlech och hir weider Studien, esou wéi och hir berufflech Orientéierung.

Fir si bei dëser wichteger Entscheedung ze ënnerstëtzen, hate si op dësem Méindegnomëtteg d’Geleeënheet fir mat 2e-Schüler*innen vun deene verschiddene Sektiounen ze schwätzen, sech auszetauschen an sech beroden ze loossen. Esou krute si konkret Informatiounne iwwert déi verschidde Sektiounen a konnten all hir Froe stellen.

Och eng ganz Rei Enseignanten aus deene verschiddenen Departementer wore bei den Atelieren dobäi fir den Échange tëschent de Schüler ze begleeden. E grousse Merci geet dofir un eis jonk Orienteuren an och un d'Schüler*innen aus dem LCD an dem LAM déi hinnen d'Sektiounen A, F an I virgestallt hunn.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons