3D Drocker vum dép. informatique

3D Drocker vum dép. informatique

Den département informatique huet sech vun sengem Erspuertenen en 3D Drocker geleescht. Den Drocker funktionnéiert wuel einwandfrei, d'Erstellen vun 3D Modeller ass allerdéngs eng schwiereg Saach, muss een do sech mol mat 3D Programmer auserneen setzen.

Um Internet fënnt een allerdéngs aus ganz ville Beräicher fäerdeg 3D Modeller, déi een (leider net ëmmer) och gratis kann eroflueden.

  • Marque a Modell: Ultimaker 2
  • maximal Gréisst vum Modell: 230 x 225 x 205
  • Filament: PLA (Polylactic Acid) oder ABS (Acrylnitril-Butadien-Styrol). 
  • D'Bobinn ass hannen opgewickelt
  • Verschidden Drockopléisunge méiglech (minimal: 0,02 mm)
  • Arbeitsplattform: beheizbar (50 - 100 Grad)
  • Temperatur Düs: 180-260 Grad
  • Duerchmiesser Düs: 0,4 mm

Wat d'Modell méi grouss ass, wat den Drock méi laang dauert. Dat kann alt mol schonn iwwer Nuecht daueren... D'Filament kascht ongeféier € pro m. elo musse mir eis mol mat 3D Programmer ewéi Maya (e professionellen Outil) oder den 123D Design vun Autodesk (fir Ufänger) deen et och als APP fir Tabletts gëtt, oder d'open source Blender, deen quasi all d'Features vum Maja huet an awer gratis ass. D'Aschaffen an esou Programmer ass opwänneg.

Wann een wéineg Zäit huet, da kann een op online Portaler ewéi GrabCAD, Thingiverse, 123D, 3D Part Source oder Yeggi sech e Modell eraussichen an drocke loossen. Et kann een, oft gratis, aus all Beräich ganz vill Modeller fannen, wéi Halter fir Tabletts, oder aner praktesch Ersatzstécker.

Mir wäerten dann an eisen TechNews  mol dat eent oder anert posten wat mir gedrockt hunn.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons