2eC: Visite vum Scienteens-Lab

2eC: Visite vum Scienteens-Lab

2eC war op Visite am Scienteens-Lab op der Uni Belval an ass do der Fro nogang, op d'UV-Liicht een Afloss op DNA vun E. coli huet.

Mat Hëllef vun molekular-biologëschen Methoden hun d'Schüler versicht eng Äntwert op dës Fro ze fannen.

An enger 1. Phase ass DNA aus Bakterien, déi ënner verschiddenen Bedingungen gewues sin (UV-Liicht während 0 min, 10 min an 20 min; entweder ouni Sonnencrème, mat Sonnencrème oder mat "After-Sun"-Crème), isoléiert gin. Duerno gouf den DNA-Gehalt vun den Prouwen gemooss fir dann an enger PCR (Polymerase Chain Reaction) een bestëmmten Gène (16S rRNA) ze "vermehren". Déi jeweileg Gène'en goufen dun iwwert eng Gel-Electrophorèse sichtbar gemet.

Resultat: wann keng UV-Bestrahlung geschitt ass (0 min) respektiv wann Sonnencrème benotzt gin, ass den Gène intakt bliwwen a konnt duerch PCR vervielfältëgt gin an um Gel nogewisen gin. War dogéint keen Schutz do, huet Quantitèit vun intakten Gène'en ofgeholl, well d'UV-Strahlen d'Struktur vun der DNA verännert hun

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons