2CD-3GCM: Faillite, coups et blessures, Chamber-TV, Turnup Tun, Tankstelleniwerfall and more...

2CD-3GCM: Faillite, coups et blessures, Chamber-TV, Turnup Tun, Tankstelleniwerfall and more...

De 26. Februar 2020 waren d’2CD an d’3GCM mat dem Här Pagani an der Madamm Mariotto um Geriicht an der Staat an an der Chambre des Députés.

Si goufen um Geriicht häerzlech vun der Madamm Klein (porte-parole de l’administration judiciaire), déi hinne ganz interessant Informatiounen iwwert d’Geriichter matdeele konnt, empfaangen.

D’Klassen haten och d’Chance eng Entrevue mam Substitut vum Procureur, dem Här Felix Wantz ze kréien. Hien konnt hinne vill Informatiounen iwwert d’Aarbecht als Procureur mee och iwwert d’Carrièren an der Magistrature ginn.

Och de Greffier en chef, den Här Georges Bigelbach, huet sech vill Zäit vir d’Schüler geholl an iwwert seng Aarbecht erzielt.

Desweideren hunn d’Schüler puer interessant Fäll „live“ an de Geriichtssäll vum Tribunal d’arrondissement materliewe kënnen (faillite, coups et blessures, non-paiement d’aliments).

Duerno haten d’Schüler och d’Chance an d’ “Chambre des Députés” ze goe wou si vum Här Flammang aus der Chamber (relations publiques) an dem Deputéierten, dem Här André Bauler, empfaange gi sinn. Den Här Bauler huet de Schüler historesch Informatiounen iwwert déi aktuell Chamber matgedeelt. D’Visitt duerno vum Plenarsall a vum Studio vun der « Chamber TV » war natierlech och een “Highlight”.

“Last but not least” hunn si den Nomëtteg op der Cour d’appel verbruecht.

Fir d’éischt huet de Maître Marc Walch hinne “säin” Fall vun Tankstelleniwerfäll erkläert. Ganz spektakulär ass et do zougaangen. Leider huet de Fall aus “zäittechnesche Grënn” misse verluecht ginn. D’Ursaach war, dass de Fall vum Turnup Tun bal 3 Stonne gedauert huet.

Intressant a spannend war den Nomëtteg op jidde Fall op der Cour d’appel. D’Schüler sinn natierlech gespaant op d’Urteel vun der Cour d’appel de 25. Mäerz 2020.

Et war e gelongenen an interessanten Dag um Geriicht an an der Chambre des Députés, wou d’Schüler emol gesinn hunn wéi d’Theorie aus dem Droit-Cours (aus dem Klassesall) an d’Praxis ëmgesat gëtt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons