Olympiade Mathématique Belge 2019 - ALR an der Halleffinall vertrueden

Olympiade Mathématique Belge 2019 - ALR an der Halleffinall vertrueden

De 16. Januar 2019 waren d'Preliminairë vun der 44. Editioun vun der "Olympiade Mathématique Belge" (OMB) un där och lëtzebuerger Schüler aus dem Lycée Deel huele kennen.

Am ALR hunn sech 81 begeeschtert Schüler an den 3 Kategorien (MINI, MIDI a MAXI) dëser flotter Epreuve gestallt. Dat ass am Verglach zum Joer virdrun (62 Schüler) eng Hausse vu ronn 31% (!). D'Rekordparticipatioun aus dem Joer 2016 (126 Schüler) gouf awer net erreecht.

Trotzdeem konnten sech och des Joer nees 4 Schüler aus dem ALR fir d'Halleffinall qualifizéieren.

An der Kategorie MIDI sinn dat:

  • Jean-Marc Furlano (3CB)
  • Tom Jemming (3CB)

An der Kategorie MAXI sinn dat:

  • Nick Felten (1CB)
  • Nicolas Lecomte (1CB)

D'Halleffinall fënnt den 27. Februar 2018 am Lycée Aline Mayrisch an der Staat statt.

E groussen BRAVO a MERCI u jiddereen, dee matgemaach huet an eisen Halleffinalisten: vill Gléck, bonne chance, good luck...

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons