Wat maache wann?

Wat maache wann?

Ech muss mat menger Klass an den Infosall! Ech hu keng Ahnung wat ech muss maachen.

An dësem Artikel fënnt de Laie eng Äntwert op eng Rei vu Froen déi mat 'Wat maache wann...' ufänken an déi mat der informatescher Infrastruktur am ALR ze dinn hunn.

Wat maache wann...

  Wou User Passwuert Remarque
ALR PC an der Schoul IAM username IAM Passwuert Wanns du däi Passwuert doheem iwwert de Site IAM änners, gëtt dat synchroniséiert, an däi neit Passwuert gëllt och an der Schoul.
ALR ToolBox prof krut dir vermëttelt Mir hoffen am Laf vum Joer op en IAM Login kënnen ze wiesselen, du kriss dat da matgedeelt.
ALR hei um WebSite IAM username déng Matricule Mir roden un, nom 1scht Login d'Passwuert an dengem Profil ze änneren, an zwar dat nämmlecht ze huelen ewéi fir däin IAM Account.
ALR Mëttesaktivitéiten IAM username déng Matricule  
CGIE Applikatioun IAM username IAM Passwuert

eduMail, eReservation, IAM, webUntis
Bass de mol ageloggt hues du direkten Zougang zu deene meeschten aneren Applikatioune vum CGIE.
Däin IAM Passwuert kanns de hei emänneren: iam.education.lu

MEN Fichier élève IAM username IAM Passwuert Zousätzlech muss du e Login mat engem Luxstrust Zertificat (Stick oder Token) maachen.
Restena Filesender @education.lu mail adress @education.lu Passwuert Am Prinzip: <Virnumm>.<Numm>@education.lu
Huet näischt mat der Mail Adress @365.education.lu ze dinn, déi vu Microsoft ass.
Restena WebMail @education.lu mail adress @education.lu Passwuert  

En online Service gëtt et an der ToolBox an um offizielle Website.

De Copy-service hei um Website ass besser, an erlaabt et zB méi Dokumenter gläichzäiteg kopéieren ze loossen.

Deen aus der Toolbox wäert iergendwann desaktivéiert ginn, well mir domatten duebel Aarbecht hunn (Klassen uleeën, Effektiver vun de Klassen androen, updaten)

Am Moment just am WebUntis. Do gëtt et allerdings nach keng propper Kalennerfunktioun, d' Noriichten vum Dag stinn awer ëmmer direkt nom Login do.

Informatique/Bureautiquesäll ginn am WebUntis reservéiert. Wann 2 Klasse virun der Diir stinn, huet natierlech déi mat der Reservatioun Virrang. 

E Cours an engem Infosall am normale Stonneplang ass natierleh automatesch reservéiert.

Net sech bei anere Kollegen an der Konferenz opreegen, dass et 2 Woche schonn s net funktionéiert mä direkt dem Info Departement ee Mail maachen Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

Dréck d'Tastekombinatioun WIN-P. Kuck och an dësem Artikel aus eiser FAQ.

Am Prinzip hunn si keen Accès op de PC, ausser, d'Direktioun huet hinnen et accordéiert. Natierlech kann de Prof sech aloggen a de Schüler op sengem Account schaffe loossen.

Maach dat an der ToolBox, enger Entwécklung aus dem ALR. De Wocheplang ass net direkt am Ufank vum Schouljoer prätt. Déi ganz Toolbox gëtt eréicht mat den date gefëllt, wann d'Noexamen duerch sinn.

Maach dat an der ToolBox, enger Entwécklung aus dem ALR. Net vergiessen dech korrekt aus dem Annexe aus ze loggen, soss ass en eng hallef Stonn fir deen nächste User gespaart. 

Benotz dofir d'ToolBox, eng ALR Entwécklung. 

Benotz dofir d'ToolBox, eng ALR Entwécklung. 

Software gëtt prinzipiell just an der grousser Vakanz installéiert/konfiguréiert. Dowéinst soll all Ufro virum 10 Juli era sinn, dann ass d'Software op alle PCs drop.

Am Noutfall a wann et machbar ass, kann eng Ausnahm gemaach ginn. Allerdéngs muss de Käschtepunkt vun der Software gekläert sinn.

Dëst ass um Ufank vum Semester méiglech. Den Datum gëtt per Mail vum Anne Bourg kommunizéiert.

De WebTool fir wann et esou wäit ass fënns de hei: activities. Dëst ass de Site fir Proffen. D'Schüler benotzen en aneren fir sech anzeschreiwen. Fir dës ALR-Enwécklung kënnen opzemaachen, brauch een de Flash Player. Fir mam iOS eng Flash App un d'Lafen ze kréien, benotzt einfach den Puffin Browser, e schnelle Browser mat integréiertem Flashplayer. 

 

Eduroam installéieren an dat korrekt Passwuert antippen. Hei fënns du Details dozou. Du kanns och mol an de FAQ stöberen,

Iwwerpréiwen op den Ethernetkabel korrekt stécht.

PC nei starten, virun allem wann en iwwert Nuecht/Weekend net ausgemaach gouf.

Wann dat net hëlleft, op d'extensioun 317 uruffen.

Mach dat am eReservation, engem Tool vum CGIE, gefëllt mat Daten aus dem ALR. Zoustänneg fir den Inhalt: Klee Gilbert.

Mach dat am eReservation, engem Tool vum CGIE, gefëllt mat Daten aus dem ALR. Zoustänneg fir den Inhalt: Klee Gilbert.

Iessen ass net erlaabt. Drénke just beim Lavabo a just Waasser.

Am Kontext vum Unterrecht erlaabt.

Schüler entspriechend zurechtweisen. Dëst ass net erlaabt.

Net op e Link klicken oder en Unhang opmaachen. Absender iwwerpréiwen.

Wann den Absender onbekannt ass:

Net opmaachen.

An den Info a Bureautiquesäll sti Këschten beim Proffeposten. Meeschtens lant de Stick do dran.

Wann net um C1 am bureau informatique nofroen.

Wann net an der Loge nofroen.

Mir hu scho villes ausprobéiert, fannen awer d'Ursaach net. Et schéngt aléatoire ze sinn. Mir hunn an dëser Vakanz de Rack (De Schaf mat ville Kabelen lénks nierwend der Kopiesmaschinn bei der Trap fir an d'Kantine) nei verkabelt.

Dës 2 Mac's goufe fir d'Redaktioun vum Yearbook fir 10 Joer ALR kaf. Dës Mac's hänken zwar um Reseau, hunn awer keng Connectioun un d'Lafwierker Z:, X:, Y:, etc.

Et si just lokal Accounts installéiert.

Beim Klee Gilbert oder an der Direktioun nofroe schued awer näischt.

Benotz dofir den eduMail, eng App vum CGIE. Dee kann och benotzt gi fir alle Proffen aus engem Departement e courriel ze maachen.

Benotz dofir de filesender, eng App vu Restena. Dee kann och benotzt gi fir alle Proffen aus engem Departement e courriel ze maachen.

All Departement huet dofir op mannst een Responsabelen. Dësen ass duerch eng Formatioun gaangen. Bei weidere Froen einfach an de Bureau vum département informatique um C1 laanscht kommen.

Den Office365 gëtt vum CGIE fir all Schüler an all Prof zur Verfügung gestallt. E kann op 5 PCs installéiert ginn, op PC an/oder Mac.

Dozou gehéiert och de OneDrive, eng Datewollek (cloud) vu Microsoft, mat quasi onbegrenzter Späicherplaz.

De OneDrive, eng Datewollek (cloud) vu Microsoft, mat quasi onbegrenzter Späicherplaz steet all Schüler a Prof gratis zur Verfügung. Seng Funktionnalitéite kommen awer net un déi vun der Dropbox zB erun.

OneDrive ass vu Microsoft, net vum CGIE.

Mir hu Schockela gär ;-)

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons