Olympiade Mathématique Belge - ALR an der Finall vertrueden

Olympiade Mathématique Belge - ALR an der Finall vertrueden

Wéi all Joer organiséieren eis belge Noperen hier bekannten "Olympiade Mathématique Belge" (OMB) un där och lëtzebuerger Schüler aus dem Lycée Deel huele kennen. Och d'Editioun 2017 war nees ee grousse Succès: wäit iwwer 1000 Schüler aus dem Grand-Duché hunn um 1. Tour am Januar 2017 Deel geholl. Den ALR konnt och des Joer mat 126 begeeschterte Schüler (an den 3 verschiddene Kategorien: MINI, MIDI & MAXI) seng grouss Begeeschterung fir d'Mathematik zum Ausdrock bréngen.

Villäicht houng d'Lat des Joer méi héich ewéi déi Jore virdrun, esou dass "just" ee Schüler aus dem ALR de Wee an den 2. Tour (Halleffinall) fonnt huet: de Jean-Marc Furlano vun der 5eC1. 

An dëser Halleffinall huet de Jean-Marc, genau ewéi dat lescht Joer, säin aussergewéinlecht Talent nees ënner Beweis gestallt an huet sech souverän fir d'Finall de 26. Abrëll 2017 zu Namur qualifizéiert. Mat him fueren och nach 11 aner lëtzebuerger Schüler op Namur.

Mir felicitéieren dem Jean-Marc fir säi gudde Parcours an drécken him d'Daume fir d'Finall!

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons