Comité des élèves

Mérite Jeunesse

Mérite Jeunesse

De Mëttwoch 10 Oktober 2018 war de Prënz Guillaume am Atert Lycée Redange fir eise Schüler vu 5ème a 4ème de Mérite Jeunesse Luxembourg virzestellen. No dem méi theoreteschen Deel, deen der Prënz eis virgestallt huet, krute mer och eng Partie praktesch Beispiller gewisen.

D’Fondatioun Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zu der weltwäit bekanntster Jugendorganisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award. All Jonke ka matmaache wann en tëschent 14-24 Joer al ass. Et muss een an 4 verschiddene Beräicher : dem Benevolat, Sport, Talent an eng Expeditioun aktiv ginn. An deene Beräicher sicht een sech seng Aktivitéite selwer eraus. Dee Programm soll et de Jonken erméiglechen méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un seng Fäegkeeten an Talenter ze gleewen. De Mérite ass zougänglech fir jidderee well en sech un all Jonken seng Situatioun upasst an ausserdeem ass en och e super Zousaatzpunkt um CV well en weist datt een sech engagéiert huet an och nieft der Schoul eppes well weider léieren.

Um Uschloss vun der Presentatioun ass an der Direktioun vum ALR den « contrat de collaboration » tëscht dem Mérite Jeunesse an dem ALR, vum Prënz Guillaume an M. Claude Boever ënnerschriwwe ginn.

Schüler déi interesséiert sinn kënnen sech am SePAS mellen.

- Weider Fotoen

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons