D'Soirée des patrons am ALR- Zesummenarbecht an der Régioun

All Joer invitéiert den Atert-Lycée all Patrons, déi Schüler vum Lycée an de Stage geholl hunn, ob en Afterwork. Op der enger Säit wëlle mir hinne Merci soen, datt si sech fräiwëlleg mat eise Studenten « ploen », eppes wat ëmmer manner selbstverständlech gëtt. Op der aner Säit ass et eis wichteg mat hinnen an d’Gespréich ze kommen a virun allem op hir Rotschléi ze lauschteren, sou datt mer eis schoulesch – an berufflech Orientéierungsaarbecht verbessere kënnen.

Den Här Direkter Claude Boever an den Enseignant-orienteur Alain Adams hunn am Laf vum Owend drop higewisen, datt de Stage an hiren Aen dat wichtegst Hëllefsmëttel ass fir sech, wat déi spéider Ausbildung ugeet, ze orientéieren. Dowéinst maachen all Schüler vun den 9e Klassen, vun der 4e GPS-Klassen a vun den 2e Klassen op d’mannst een obligatoresche Stage. An de Vakanzen dierfen all Schüler, déi méi wéi 15 Joer hunn, sou vill fräiwëlleg an de Stage goen, wéi se wëllen.

Och Berufsausbildungsklasse vum Commerce a vum Klimatechniker sinn op Patrons ugewisen, déi sech d’Zäit huelen e Stagiaire an hir Welt anzeféieren.

Dëst Joer haten eng 50 Patrons de Wee an de Lycée fonnt. D’Stëmmung war gutt, d’Gespréicher héichinteressant an den Här Gansen huet d’Leit mat senger Equipe vu Schüler an Enseignanten exzellent bekäschtegt.

Mir hunn mat grousser Freed, déi lescht dräi Wierder héieren, déi déi meescht benotzt hunn, ir se gaange sinn : « Bis d’nächst Joer ! »

TagCloud