Freidig 23. Februar 2018 war die 5. Editioun vun der Journée de l’Orientation am ALR.

teaser_orientatioun

D'Zil ass et de Schüler vun den ieweschten Klassen beim Choix vun hirem Studium ze hëllefen. An iwer 20 verschidden Atelierën kruten eis Schüler en Abléck an den spéideren Alldag am Beruff an t'Studienméiglichkeeten. Déi verschidden Leit  aus der Aarbechtswelt, vum Architekt, iwer Gesondheetsberuffer, Journalist, bis zum Jurist stoungen hinnen Ried an Äntwert.

Doniewt waren awer och nach verschidden Schoulen aus Lëtzebuerg an der Grenzregioun an t'ACEL vertrueden fir eisen Schüler nëtzlech Informatiounen iwert d'Studienméiglechkeeten ze ginn.

TagCloud