All Joer invitéiert den Atert Lycée all Patrons, déi Schüler vum Lycée an de Stage geholl hunn, ob en Afterwork. Op der enger Säit wëlle mer hinne Merci soen, datt si sech fräiwëlleg mat eise Studenten « ploen », eppes wat ëmmer manner selbstverständlech gëtt.

44

Op der aner Säit ass et eis wichteg mat hinnen an d’Gespréich ze kommen a virun allem op hir Rotschléi ze lauschteren, sou datt mer eis schoulesch – a berufflech Orientéierungsaarbecht verbessere kënnen.

Den Här Direkter Claude Boever an den enseignant-orienteur Alain Adams hunn am Laf vum Owend drop higewisen, datt de Stage an hiren Aan eent vun de wichtegsten Hëllefsmëttel ass fir sech, wat déi spéider Ausbildung ugeet, ze orientéieren. Dowéinst maachen all Schüler vun den 5e P, AD a G Klassen, vun der 4e GPS-Klassen a vun den 2e Klassen op d’mannst een obligatoresche Stage. An de Vakanzen dierfen all Schüler, déi méi wéi 15 Joer hunn, sou vill fräiwëlleg an de Stage goen, wéi se wëllen.

Och d’Beruffsausbildungsklasse vum Commerce a vum Klimatechniker sinn op Patrons ugewisen, déi sech d’Zäit huelen e Stagiaire an hir Welt anzeféieren.

Dëst Joer haten eng 50 Patrons de Wee an de Lycée fonnt. D’Stëmmung war gutt, d’Gespréicher héichinteressant an den Här Gansen an d’Madame Plier hunn d’Leit mat hirer Equipe vu Schüler an Enseignants exzellent bekäschtegt.

Am Laf vum Owend hunn déi Responsabel vun der Kachequipe och e Scheck vu 550 € un den Télévie iwwerreecht. D’Geld haten sech d’Studenten « erkacht », wéi se am Restaurant Toussaints zu Mamer op engem Freideg Mëtteg d’Kichen iwwerholl haten an d’Clients vun dem Mëtteg ënnert hinne vill Enseignants an Eltere bekäschtegt hunn.

Mir hu mat grousser Freed, déi lescht dräi Wierder héieren, déi déi meescht benotzt hunn, ir se gaange sinn : « Bis d’nächst Joer ! »

46

TagCloud