ALR Orientatioun: 6. Éditioun vum 4e-2e Échange (10.12.18). Eis 4e-Schüler aus dem ESC mussen an de nächste Méint entscheeden op wat fir enger Sektioun si hir schoulesch Carrière weiderféiere wëllen. Dëse Choix beaflosst awer net nëmmen déi nächst Schouljoren am ALR, mee betrëfft natierlech och hir weider universitär Studien, esou wéi hir berufflech Orientéierung.

teaser

Fir si bei dëser wichteger Entscheedung ze ënnerstëtzen, hate si op engem Méindegnomëtteg d’Geleeënheet fir mat 2e-Schüler vun deene verschiddene Sektiounen ze schwätzen, sech aus ze tauschen an sech beroden ze loossen. Esou krute si konkret Informatiounne iwwert d’Haaptpunkte vun deene verschiddene Sektiounen, a wat fir eng schoulech, souwéi berufflech Weeëer hinne jeweils opstinn.

Och woren d’Fachenseignanten aus deene verschiddenen Departementer präsent fir den Échange tëschent de Schüler ze begleeden an ze ënnerstëtzen. Eng weider Hëllef kruten eis Orienteuren vun enger Rei Schüler aus dem LCD, deelweis fréier ALR-Schüler, déi d’Sektiounen A, E an F virgestallt hunn.

TagCloud