De Freideg den 9. November 2018 waren 120 Schüler aus dem ALR op déi 32. Studentefoire an d’LuxExpo op de Kierchbierg.

IMG_5453

Eis Schüler vu sämtlechen 1e an 2e Klasse ware mat enger allgemenger Presentatioun iwwert Studiëméiglechkeeten duerch d' Equipe vun den Orienteuren aus dem ALR op des Foire virbereet ginn. Am direkten Austausch mat de Vertrieder vun den eenzelen Unien, Héichschoulen a Berufsrichtunge konnten eis Schüler sich ee Bild iwwer vill verschidde Studienrichtungen, Schoulen a berufflech Méiglechkeete maachen.

TagCloud