Dëst Hörspill gouf erstallt am Kader vun den 7e, 6e/8e Aktivitéiten. D’Hörspill ass kurz virun der grousser Vakanz 2015 fäerdeg ginn, an ass a méi Kaptitelen agedeelt. Et ass och op CD bestellbar.

coverretouch1

E Meedche gëtt entfouert an e puer Schüler versichen op eege Fauscht d’Verbiechen op ze klären. Si stoussen während hiren Ermëttlungen op lusch Gestalten, e Wandertheater, eng Eil déi schwätze kann eng Wahrsagerin, …

 

Skript: Klee Gilbert, prof am ALR

Vertounung: Balthasar Daniel, prof am ALR

Spriecher:
Wahrsagerin Danitza, Régente Mme Streng: Cordier Emily 7S1
Lettara, Papagei: Delli Zotti Bob, 7S4
Milosh, Moshto: Welter Maxime, 8STPS3
Jim Kolambo, Eil Pritt: Rollinger Max, 7STPS3
Pia Poaro: Klee Mira, 7S3
Lynn Watsen: Besch Dayna, 7S2
Geschichtsprof Rosenkrieg: Reiland Tom, 7STPS3
Sandy Marpel: Baldassi Sarah 7S3
Bob Houms: Simon Noé, 7STPS3
Carmen, Wladda: Matelart Janelle, 7S4

Direkter vum Wandertheater: ‘Gueststar’ Gansen Luc, prof am ALR

 

ALRPutchnatoll

Putchnatoll (Episode 1)

Dauer: 7:30

E Meedche gëtt entfouert an e puer Schüler versichen op eege Fauscht d’Verbiechen op ze klären. Si stoussen während hiren Ermëttlungen op lusch Gestalten, e Wandertheater, eng Eil déi schwätze kann eng Wahrsagerin, …


 

Putchnatoll (Episode 2)

Dauer: 7:30

An dësem Kapitel sinn eis jonk Detektiven an hirer ‘Zentral’, dem Pia Poaro sengem Gaardenheischen.
Si léieren do, dass et méiglech ass mat enger Eil ze schwätzen, a plangen hier nächst Enquête.


 

Putchnatoll (Episode 3)

Dauer: 5:10

An dësem Kapitel sinn eis jonk Detektiven dem Geschichtsprof op der Spuer.


 

Putchnatoll (Episode 4)

Dauer: 16:51

Si verfollegen den Professor Rosenkrieg, an d'Spuer véiert si zum Wandertheater wou si dann och prompt engem Kannibal begéinen...


 

Putchnatoll (Episode 5)

Dauer: 15:00

Hei ass d’Folleg 5 vum Putchnatoll. Den Här Rosenkrieg hëlleft hinnen bei den Ermëttlungen. An der Tëschenzäit gëtt e weidert Kand entféiert, an de Lettara weist op en Neits seng Béisaartegkeet. Gläichzäiteg ginn eis Frënn op e mysteriéist Logo aus dem Theater opmierksam a ginn der Saach no…


 

Putchnatoll (Episode 6)

Dauer: 19:47

Hei ass d’Folleg 6 vum Putchnatoll. De Lettara ass vu senge schwaarze Geselle genervt a spënnt weider säi Plang. Eis Frënn entschlësselen de Logo a fannen eraus, dass d’Lynn dat nächst Opfer vum Lettara ass. Si ginn an d’Theatervirstellung an huelen sech vir besonneg op d’Lynn opzepassen…


 

Putchnatoll (Läscht Episode)

Dauer: 19:21

Hei ass déi läscht Folleg vum Putchnatoll. D’Lynn gouf awer entfouert. Eis Frënn verfollegen d’Spuer bis bei de Lettara ënnert deem sengem Buttek wou et zum Eklat kënnt…

Inscriptions - Informations

ALR Bompel Logo inscriptions 23

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud