En Hörspill vun der Mëttesaktivitéit vum ALR. D'Produktioun vum 'Dem Bob séng Zäitmaschinn' zitt sech iwwert dat ganzt Schouljoer 2015/16 an ass a méi Kaptitelen agedeelt.

teaserBob

D’Läuschteren vun den alen Hörspiller ass awer keng Mussesaach fir dëst Hörspill hei ze verstoen.D’Spriecher hunn am Verglach zum PutchNaToll gewiesselt, du muss dëch also deelweis un nei Stëmme gewiinen. Vill Spaass beim Nolauschteren.

Et ass eng weider Aventure vun de Kanner Jim, Sandy, Lynn, Pia, Bob a senger Eil de Pritt. Am Hörspill vum läschte Joer, dem Putchnatoll, léiers de déi 5 Frënn mat hirer Eil sou richteg kënnen.

 

Skript: Klee Gilbert, prof
Vertounung: Balthasar Daniel, prof

Spriecher:
Pritt: Aguilera Zoé 7S1
Henry 7: Delli Zotti Bob 6CS4
Jang de Blannen: Urbani Max, 3DG
Pia Poaro: Klee Mira 6MS3
Jim Kolambo: Muno Denis 7S3
Lynn: Olinger Lynn 7S1
Sandy: Sassel Emma 7S1
Néckel: Strasser Kay 8MO2
Bob Houms: Werer Bill 7S1
Marrechen: Zoller Jennifer 7S2

Uso: Peiffer Tim, prof
Diirwiechter: Pagani Maurizio, prof
Bëttel: Raas Mike, prof

ALRZaeitmaschinn6

Kapitel 1: De Pritt verschwënnt

Dauer: 8:46

Déi ganz Clique sëtzt am Labo vum Bob deen hinnen seng nei Erfindung wëll virféieren en 3. Dem Bob seng Eil setzt genervt op engem Käffer a kuckt skeptesch op de projetzéierten Hologramm.


 

Kapitel 2: Marrechen an Néckel

Dauer: 8:27

Mir maachen en Zäitsprong an d'Mëttelalter, bei dem Jang dem Blanne säi Papp. Hien erzielt eng Geschicht déi säi Bouw erliewt huet. Mir maachen d'Bekanntschaft vum Marrechen an dem Néckel, déi aus der Stat Lucilinburhuc (Lëtzebuerg) misse fortlafen, well se Brout geklaut hunn.

Vill Spaass beim Nolauschteren.


 

Kapitel 3: Zeréck an d’Géigewaart

Dauer: 7:30

Den Zuhörer fënnt sech erëm zeréck am Labo vum Bob, wou déi 5 probéieren erauszefannen wou de Pritt bliwwen ass. Nach ëmmer hunn se keng Ahnung, dass de Pritt eng Zäitrees an d'Mëttelalter gemaach huet.

Vill Spaass beim Nolauschteren.


 

Kapitel 4: Eng verwandelt Hex??

Dauer: 4:55

Den Zuhörer ass erëm am Mëttelalter beim Marrechen an Néckel. Déi froen sech wat déi Eil bei hinne mëscht, a fäerten et géif sech ëm eng verwandelt Hex handelen.

Vill Spaass beim Nolauschteren.


 

Kapitel 5: Si kommen der Saach méi no

Dauer: 5:45

Déi 5 Frënn maachen eng Rei vu Versich fir eraus ze fannen wou de Pritt hinn ass. Si kommen der Saach ëmmer méi no, wou se ufänken pabeiers Bullen an d’Projectioun ze gehaien…

Vill Spaass beim Nolauschteren.


 

Kapitel 6: Stëmmen aus enger anerer Zäit a
Kapitel 7: Verbindung mam Pritt

Kapitel 6
Dauer: 3:27
D'Marrechen an de Néckel hunn décken Honger an erféieren, wou einfoch mol Pabeiers Bullen vum Himmel gefall kommen. An dann deet d'Eil och nach de Voicetransitioner unn...

Kapitel 7
Dauer: 3:30
De Bob kritt endlech éischte Kontakt mam Pritt, a fënnt stolz eraus dass hien eng Zäitmaschinn erfonnt huet.


 

Kapitel 8: De Fuerwkrees fir hin an zeréck
Kapitel 9: Di éischt Zäitrees

Kapitel 8
Dauer: 4:29
Déi 5 Frënn treffen all Virbereedungen fir déi éischt Zäitreess ze maachen.

Kapitel 9
Dauer: 11:17
Den Henry 7 streit mat der Uso, während eis 5 Kollegen an d'Mëttelalter reesen. Allerdéngs net ouni Schwieregkeeten. Dem Lynn fehlt en Aarm. Wann s de wëlls wëssen wéi et weidergeet, da lauschter d'Hörspill. 


 

Kapitel 10: Pizza am Mëttelalter

an 11: Zu Lucilinburhuc

Kapitel 10: Pizza am Mëttelalter
Dauer: 3:04
Si brénge Pizza mat an d'Mëttelalter. De Néckel an d'Marrechen si begeeschtert.

Kapitel 11: Zu Lucilinburhuc
Dauer: 6:40
Si ginn erëm zeréck op Lucilinburhuc (Stad Lëtzebuerg). Do richt et anescht ewéi geduecht, si schlenderen duerch d'Gaassen vun de Gerbereien an aneren Handwierker. Bei enger Kraiderfra begéine si de Jang de Blannen.


 

Kapitel 12: De Jang de Blannen

De Jang de Blannen gëtt alles gewuer.
Hien lued se alleguer op säi Fest owes an.
Dauer:  8 min 16 sec


 

Kapitel 13: An der Buerg

D'Marrechen an de Néckel sinn agespaart. Eis 5 Frënn probéieren ouni Erfolleg den Diirwiechter vun der Buerg ze iwwerzeegen si eran ze loossen.
Eréicht eng gigantesch Spann rett d'Situatioun.

Dauer:  9 min 27 sec


 

Kapitel 14 a 15 : Hand of fir e Bandit a Festlechkeeten

Dëst sinn déi 2 läscht Episodë vun der Geschicht.

D'Laag spëtzt sech ëmmer méi zou!
D'Marrechen an de Néckel ginn op d'Maartplaz gefouert, wou si alle béid hier Hand ofgehackt kréien. De Clou ass, dass den Henker nach keng Erfahrung huet an dëst säin éischt Vollstrecken ass...
Op et de 5 Frënn an dem Jang de Blannen nach geléngt, déi 2 ze retten? 

Dauer: 9 min 45 sec


 

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud