D’Equipe vum Hörspill ass houfreg iech kënnen och an dësem Schouljoer mat kuerze Gechichten ze ënnerhalen. E puer ‘al Huesen’ vum läschte Joer sinn och nach dobäi…
Dauer: 16:11
Den Här Klee Gilbert erfënnt d’Geschichten, d’Schüler bréngen den Text zum Liewen, an den Här Balthasar Daniel schnëppelt alles zesummen a zaubert nach Specialeffekts dobäi. Vill Spaass beim Lauschteren.
Idee, Skript, Cover:
Klee Gilbert
Schnëtt
Daniel Balthasar
Spriecher
7O2 Alex Hinger - Leo
6M3 Chris Petit - Futti
703 Kelly Simon - Mamm
6M3 Pol Theis
6M3 Felix Bechet - Zänndokter
6C1 Tom Lecuit - Assistent
Am Wartesall:
6M3 Chris Petit - Mamm 2, Bebe
8STP2 Bruce Breyer - Mamm 3, Kand
7STP3 Maxime Welter - Mann
De Leo huet den Zant wéi. Séng Mamm geet mat him bei den Zänndokter. Et kënnt awer alles aneschters ewéi geplangt…
Eng Geschicht mat engem onerwaartene Schluss. Lauschtert also déi ganz 16 Minutten an 14 Sekonnen!
Beim Zänndokter (Verfilmung)
Eng Virféierung um Schoulfest vum ALR. Pantomime a Liichteffekter zum Hörspill 'Beim Zänndokter'.
Déi jonk Theaterequipe hat just 2 Méint Zäit dat Steck ze gestalten an ze prouwen. Bei allen 3 Virféierungen war kee Stull mei fräi am Musikssall.
Hörspill: Daniel Balthasar an Klee Gilbert
Theaterequipe: Paulo Cardoso a Jeanne Wiltgen