Portes ouvertes

3 Klassen aus dem ALR op der Matinée „Responsabilité sociale des entreprises”

3 Klassen aus dem ALR op der Matinée „Responsabilité sociale des entreprises”

Den 19. Abrëll haten dräi vun eisen 3e-Klassen (d‘3GCM, d‘3GSO1 an d‘3GSO2), esou wéi zwou 3e-Klassen aus eiser Partnerschoul, dem ECG, un enger Matinée „Responsabilité sociale des entreprises“ (RSE) deelgeholl. Stattfonnt huet dëst Evenement an der Chambre de Commerce.

D’RES ass an der Tëschenzäit ee wichtege Begrëff fir all Entreprise ginn, déi sech niewent Ëmsaz a Benefice, och ëmmer méi em den Impakt vun hirer Aktivitéit op d’Ëmwelt an op d’Gesellschaft këmmere muss (an och wëll).

Wéinst der Roll vun der nohalteger Entwécklung an der RSE fir eis Ekonomie, ginn dës Begrëffer dann och am Kader vun den Ekonomie-Coursë behandelt. An esou kruten eng ronn 100 Schüler aus deenen zwee Lycéeën d’Geleeënheet fir déi an der Klass geléierte Matière och emol vu Leit vum Terrain presentéiert ze kréien.

No enger kuerzer Introduktioun vum Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce, ass et weider gaange mat enger genereller Presentatioun zum Thema RSE vum Morgane Haessler vum INDR (Institut national pour le Développement durable et la Responsabilité sociale des entreprises).

Dono huet den Gilles Feith, CEO vun der Luxair, de Schüler erkläert wéi d’Luxair hier Responsabilitéit vis-à-vis vun hiren Employéeë gesäit a viru wat fir eng Erausfuerderungen, déi nach ëmmer aktuell Corona-Kris, déi national Fluchgesellschaft an dësem Kontext gestallt huet.

An zu gudder Lescht konnt den Gérard Zoller, CEO vu Peintures Robin, eise Klassen d‘économie circulaire um Beispill vun de Produitë vu Peintures Robin virstellen. Esou konnt dës Entreprise viru kuerzem eng Faarf op de Marché bréngen déi op Basis vu recycléierte Faarwen hiergestallt gëtt.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons