Ab dem 6.März funktionéiert en 1.Hëllef Team bei eis am ALR. Dëst ass e Grupp vun Schüler déi sech bereet erkläert hunn fir an der Mëttesstonn eng Garde an eiser Infirmerie ze maachen. Hei kann all Member vun der Schoulcommunautéit den sech blesséiert oder dem et net gutt ass mat 1.Hëllef versuergt ginn.
Wou fannen ech d’1.Hëllef Team?
An der Infirmerie vum ALR, dat ass am Couloir fir an d’Sportshal, vis-à-vis vum LEGO Mosaik
Wéini ass d’Infirmerie besat?
All Mëttesstonn vun 12h15 bis 13h05. Et sinn ëmmer minimum 2 Schüler präsent.
Wien hëlleft do?
D’Schüler hun op mannst en 1.Hëllef Cours gemaach. Verschiddener sinn esou guer ausgebilten Ambulanciers.
Wat kann en do kréien?
Alles wat ënner d’1.Hëllef fällt, d.h. Verbänn, Plooschteren, Eispack, Désinfectioun etc. Et kann en och mol en Téi gemaach kréien. Et kritt en natierlech keng Medikamenter.