35 Schüler sin des Woch an der Moyenne all Dag mam Vëlo an d'Schoul komm. Déi eng vu ganz no, anerer vu méi weit. Vereenzelt Schüler huelen souguer e Wee vun iwer 20 km a Kaf fir sech e Croissant an eng Schokolas-Mëllech ze verdingen, a fir hir Klass Punkten ze sammelen.
Iwwer 1600 km hun sie sou schon um Wee fir an d'Schoul zréck geluecht.
D'Aktioun leeft nach eng Woch, a mer hoffen op nach méi Veloen déi nächst Woch. Freides den 8. Juli gin et duebel Punkten fir jidfereen, an niewebei och den Challenge Schüler géint Proffen. Opléisung nächsten Freidig 8. Juli um 9h30.
WEINI ? Vum 27.Juni bis den 8.Juli
FIRWAT ? Maach eppes fir dech a fir d'Ëmwelt
BELOUNUNG
Praïsser fir déi drei Schüler déi am dackste mam Velo kommen.
Praïsser fir déi drei Schüler , déi am meeschte Kilometer maachen.
Ee Praïs fir déi Klass, wou d'Schüler di meeschten Trajeten mam Velo maachen. (500 BEKI fir d'Klassefriess !!!) Den 8.Juli kënnt dir di duebel Punktenzuel sammelen !
Bidonen an aner cool Vëlosgadgete fir jiddereen, dee matmécht.
All Moien : Croissant a Schockelasmëllech gratis fir déi di mam Vëlo kommen !
EXTRA CHALLENGE
Bréngt dir ët fäerdeg daat den 8.Juli méi Schüler wéi Proffen a Personal vum ALR mam Vëlo kommen ?
Duerfir gët et deen Daag duebel Punktenzuel.
PRÄISVERDEELUNG
Den 8.Juli um 9:30 virum Festsall.
SPONSOREN
S-Cape Redange, Opti-vue an Energie Atelier Réiden





