D'Foire de l'étudiant an der LuxExpo war och dest Jor rem fest am Kalenner vun der Orientatioun am ALR ageplangt.
Bei iwer 200 Aussteller (Schoulen, Betrieber, a Studentenvereiner) aus Lëtzebuerg, der Grenzregioun an aus villen europäischen Länner an souguer doriwer raus, konnten eis Schüler sech leschte Freidig 13.11 am Nomettig vill wichtig an noutwendig Informatiounen besuergen iwwert déi verschidden Studiengäng, d'Aschreiwungen op den Unien an Héichschoulen, an och iwwert d'Studenteliewen an denen ennerschiddlichen Stiedt. Dës Foire soll de Schüler de spéideren Studium méi no bréngen a firun allem hir Foren zum "wat, wou, a wéi?" beäntweren. Eng sennvoll Aktivitéit demno déi eis Schüler - souguer op engem freien Freidig Nomettig - bewosst a gewessenhaft genotzt hun.