De Philippe Furlano (3eB) an d'Lizzy Rieth (1eC) konnte ganz gutt Resultater bei der 2. Lëtzebuerger Biologiesolympiad erreechen.

Bei der 2. Lëtzebuerger Biologiesolympiad konnten d'Lizzy Rieth (1eC) an de Philippe Furlano (3eB) sech fir d'Finale vun de beschte 16 qualifizéieren. An der finale den 23.04 hunn si un der theoretescher Epreuve vun 2 Stonnen an der praktescher Epreuve vun 3 Stonnen deel geholl.

De Philippe Furlano konnt déi ganz gutt 7te Platz erreechen. Dëst ass em sou remarquabel, wëll de Philippe de jéngsten vun de Finaliste war. D'Lizzy Rieth huet am Schlussklassement déi gutt 10te Platz beluecht, konnt sech sou awer dëst Joer net fir den internationale Concours IBO qualifizéieren. 2015 hat sech d'Lizzy duerch seng 3te Platz an der Finale fir IBO zu Aarhus qualifizéiert, wou hat déi 169 Platz ënnert 250 Participanten aus 62 Länner konnt beleeën.

D'Schoulgemeinschaft vum ALR felicitéiert dem Lizzy an dem Philippe zu hirem gudde Resultat.

IMG_4002

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud