Och dëst Joer rëm huet den Atert-Lycée um Programm “EU meets you” deelgeholl, sou dat eis Schüler d’Geleegenheet haten, fir d’Europadeputéiert Mady Delvaux kennen ze léieren.

DSC_0013_28Large29

Déi fréier Bildungsministesch a Latäinprof huet de Schüler vun de Klassen T2CM, T2EQ, 12GE an 2DG Ried an Äntwert gestan an hinnen vun hire neien Aufgaben zu Bréissel a Stroosbuerg erzielt. D’Schüler hu sech ganz interesséiert un der Aarbecht vun engem Europaparlamentarier gewisen an haten an Zäiten vu Trump a Brexit vill Froen un eis lëtzebuergesch Vertriederin am Parlament zu Stroosbuerg. Virun allem den zwëschemënschleche Volet vun der Aarbecht vun engem EU-Parlamentarier schéngs d’Schüler faszinéiert ze hunn, déi sech ënner anerem d’Fro gestall hunn, wéi een dann iwwerhaapt mat engem Nigel Farage sachgerecht diskutéiere kann.

 

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud