Am Kader vu senger Tournée duerch d’Lycéeë vum Land war den Educatiounsminister den 23. November op Besuch am ALR. D’Cellule de développement vum Lycée hat zesumme mat der Direktioun e Programm op d’Been gesat fir dem Minister eis Schoul mat hire Stäerkte méi no ze bréngen.

DSC_0705_Large

Wëll de Minister schonns am Februar 2015 op Viste am ALR war, wou hien d’Piliere vum Projet pédagogoique am Detail virgestallt kritt, gouf dës Kéier de Schwéierpunkt op den Austausch mat den eenzelen Acteure vun eiser Schoulcommunautéit geluecht.

Bei engem excellente Mëttegiesse wat vun de Schüler vum Groupe „CulinALRia“ënnert der Leedung vum Luc Gansen an dem Nicole Plier preparéiert gi war, hat de Minister, no enger Introduktioun vum Direkter Claude Boever een Echange mat aktuellen an eemolege Schüler aus dem ALR. De Pitt Wollf an de Marc Jung hunn d’läscht Joer am ALR hiren Ofschloss op der T3EQ gemaach a schaffen elo a Betriber mat Schwéierpunkt „Gebäudetechnik“. Si konnten dem Minister vun hiren Erfahrungen no der 13e erzielen an dat si an hirer Ausbildung am ALR gutt op hier Aarbechtsplaz virbereet goufen. De Willy Schmitz an de Max Feller studéiere Physik respektiv Sozialwëssenschaften an och si fillen sech vum Lycée ganz gutt op hire Studium virbereet. No 7 Joer am ALR haten si 2015 hiren Diplom op der 13GE gemaach, si hunn dem Minister vun der familiärer Atmosphär an dem ganz gudde Kontakt tëschent Schüler an Enseignanten erzielt. D’Laura Goldschmit a Marina Martin sinn dëst Joer op der 1eD. Si hunn dem Minister vun hire Pläng fir no der 1e erzielt a konnten déi gutt Erfahrungen déi d’eemoleg Schüler am ALR gemaach hunn confirméieren.

Dono huet den Dr. Henri Mausen, Buergermeeschter vun der Gemeng Réiden, déi excellent Zesummenaarbecht tëschent dem Lycée an der Regioun ervirgestrach an drop higewisen dass dës Zesummenaarbecht duerch d’Integratioun vun der regionaler Museksschoul an d’Struktur vum Lycée nach wäert ausgebaut ginn. Dono huet de Manuel Bissen, Däitschenseignant, dem Minister d’Liewe vun engem Enseignant am ALR duergestallt. Hien huet déi grouss Stäerke vun dem coprs enseignant am ALR ervirgestrach: Zesummenaarbecht, Motivatioun, Kontakt mat de Schüler an eng ganz gutt Ambiance.

Nom Iessen ass d’Delegatioun vum Minister op Visite an zwou Klasse gaangen. Als éischt op 7MO, wou gewise gouf, wéi de Prinzip vun der Inclusioun am ALR ëmgesat a gelieft gëtt. Hei sinn d‘Schüler vun der Education differenciée an den normalen Unterrecht agebonnen, de Programm gëtt vun den Enseignanten vun der 7MO an der EDIFF zesummen op d’Kompetenze vun den eenzele Schüler adaptéiert. De Ben Huberty a Chantal Reiser hunn dem Minister de Prinzip vun der Zesummenaarbecht erkläert an op administrativ Problemer higewisen. De Minister huet sech vun dëser exemplarescher Zesummenaarbecht beandrockt gewisen an huet dem Projet Ënnerstëtzung vu senger Säit zougesot. No der Visite op der 7MO war 7STP vum Laurent Pater un der Réi. Dës Septième technique ass déi éischt Klass am ALR déi um Projet „Mathé op Däitsch“ deel hëlt. D’Schüler an d’Elteren haten sech am Summer fräiwëlleg gemellt fir un dësem Projet deel ze huelen, wëll si sech duerch de Wiessel vun der Unterrechtssprooch e bessert Verständnis fir d’Mathé erhoffen. De Projet „Mathé op Däitsch“ gëtt vum SCRIPT an der Uni.lu begleet.

Vun de Klassesäll aus huet de Minister Meisch sech dono op de Wee an d’Sportshal gemaach, wou hien déi grouss Offer am Sport vum Yann Schneider an dem Sacha Walisch virgestallt krut. Den ALR huet e ganz aktiivt Sportsdépartement wat eng grouss Offer vun Aktivitéiten an der Mëttesstonn an no der Schoul ubitt. Och un de Championnater vun der LASEL huelen vill Schüler aus dem ALR mat Succès deel. Eng eenzegaarteg Offer huet den ALR fir Schüler vun 3e bis 1e resp. 11e bis 13e. Durch d’Wahlméiglechkeeten an der Optioun an dem Projet d’établissement kënne Schüler vun dëse Klassen bis zu 6 Sportsstonnen an der Woch an hirem normalen Horaire hunn. De Minister Meisch huet dëst Konzept am Sënn vun der Gesondheet vun de Schüler an och déi ganz gutt Sportinfrastruktur luewend ervir gehuewen an d’Enseignanten encouragéiert an dës Richtung weider ze schaffen.

Vun der Sporshal aus ass et weider an d’Raimlechkeete vum Service technique weider gaangen, wou de Minister Meisch erkläert krut, wéi vill Aarbecht am Ënnerhalt vun engem Lycée mat sou groussen Alentouren stécht a wat do alles fir Material gebraucht gëtt.

Fir de läschen Deel vun der Visite ass dem Minister de Projet Semester an d’Evaluatioun vun dem Projet déi am lafen ass virgestallt ginn. Dono ass den Directeur adjoint Jeff Kohnen nach op d’Ëmsetzung vum PROCI am ALR agaangen, dëst am Kader vun der Réform vum cycle inférieur vum EST déi um Dësch léit. De Minister huet gemengt dat de Réidener Lycée sech, wann d’Reform bis ëmgesat gëtt, net vill muss ëmstellen, wëll hei elo schonns d’Schwéierpunkter vun der Reform applizéiert ginn.

De President vum Elterecomité François Beck huet dem Minister de Rapport vun der gudder Zesummenaarbecht tëschent dem Elterecomité an dem Lycée gemaach. Dëst gouf och op Basis vun de Resultater vun der leschter Ëmfro bei den Elteren dokumentéiert. Am Numm vum Elterecomité huet hien de Wonsch un de Minister erugedroen, dat am ES méi Informatiksstonnen an der Grille horaire sollte virgesi sinn. Dobäi huet hien positiv ënnerstrach, dat et am ALR neierdéngs eng Stonn Informatik op 6e an op 4e gëtt, mä dës Initiativ misst awer mat der Ënnerstëtzung vum Ministère ausgebaut ginn.

Zum Ofschloss vun der Visite huet den Direkter Claude Boever dem Minister a senger Delegatioun Merci gesot fir d’Visite am ALR an huet drun erënnert, dat déi gutt Aarbecht déi am ALR geleescht gëtt nëmmen méiglech ass, wëll mir ganz engagéiert a motivéiert Enseignanten hunn déi sech fir hier Schüler asetzen.

De Minister Meisch huet der Direktioun, den Enseignanten an dem Personal Merci gesot fir déi gutt Aarbecht déi am ALR gemaach gëtt. Hien hätt bei senger zweeter Visite am ALR weider néi Aspekter a Projeten erlieft a géif den ALR als ganz engagéiert Schoul gesinn déi probéiert hiert Konzept am Sënn vum Schüler weider ze entwéckelen. Et géif e mierken, dat am Atert-Lycée besonnesch vill Wäert op eng authentesch Relatioun tëschent Schüler an Enseignanten geluecht gëtt.

No enger Visite vun dräi an enger hallwer Stonn huet de Minister Meisch sech mat folgende Weider an d’gëlle Buch vum Lycée agedroen:

Atert- Lycée = Innovatiounskraft, Engagement a regional Verankerung. Bravo !

 

- Communiqué vum Edukatiounsministère iwwert d'Visite am ALR

- Hei fannt dir eis komplett Fotosgalerie
 

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud