Fir dat neit Schouljoer huet den ALR d'Versioun 2015/2016 vum "ALR-Notebook" drécke gelooss. Et ass probéiert ginn den Inhalt am Vergläich zum läschte Joer ze optiméieren.
Mam ALR-Notebook ass et net méi néideg e separaten Agenda ze kafen.
D'Notebook ass obligatoresch fir all Schüler vum cycle inférieur (bis 4e resp. 10e). De Präis vun 5€ gëtt mat de Suen fir d'Kopien am Januar opgehuewen. Fir d'Schüler am cycle supérieur ass d'Notebook zum Präis vun 5€ an der Loge ze kréien, dat soulaang der do sinn.