Vum 27.6 bis den 8.7 huet den Atert-Lycée vu Réiden d’Kampagne „Mam Vëlo an den ALR“ organiséiert. De Bilan vun dëser Kampagne ass beandrockend:

DSC_0393

   - 86 verschidde Schüler déi matgemat hunn,

   - 35 Schüler sin an der Moyenne pro Dag mam Velo an d’Schoul komm,

   - 5800 km hun sie sou zesummen mam Velo an denen 2 Wochen zréck geluecht,

   - 9,5 km huet een Schüler am Duerchschnëtt pro Schoulwee zréckgeluecht.

 

An der Kategorie vun de meeschten Trajeten mam Vëlo an d’Schoul waren

9 Schüler punktgleich virop, sie sin alleguer iwwer déi 2 Wochen all Dag mam Velo an d’Schoul komm:

                Brimmeyer Sven vun Hueschtert

                De Santis Nicolas vu Nidderpallen

                Staudt Wendy vun Huewel

                Jemming Max vu Protz

                Schroeder Gil vu Protz

                Trierweiler Anne-Marie vu Närden

                Klein Sophie vu Beckerich

                Meunier Loïc vu Nidderpallen

                Pereira Tiago vu Protz

Sie alleguer kruten Preisser gesponsort vun S-Cape an Opti-Vue.

 

An der zweeter Kategorie vun den meeschten gefuerenen km um Wee an d’Schoul ass folgend Klassement derbei raus komm:

   1. Plaz: Luca Hipp vu Pärel mat 336 km

   2. Plaz: Lynn Rommes vu Feelen mat 306 km

   3. Plaz: Jo Jedrysiak vu Feelen mat 238 km Och fir dës stolz Gewënner sin et flott Preisser gin vun S-Cape.

 

Déi Klassen déi am meeschten Trajete gefuer sinn woren:

   1. Platz: 4M2 (41 Trajeten)

   2. Platz: 9STP5 (40 Trajeten)

   3. Platz: 10PS (35 Trajeten).

Di eischt Klass krut ee Bong am Wäert vun 500 BEKI gesponsert vum Energie-Atelier an offréiert vun hirem President Gérard Anzia.

Mer hoffen, dass d’Schüler och weiderhin Loscht hunn mam Vëlo an d’Schoul ze kommen an dass mer geschwen Vëlosstänneren rondrem d'Schoul mussen beisetzen fir fir all Vëlo eng Platz ze hun.!"

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud