Eis 12 Septième-Klasse kruten um éischte Schouldag op engem flotte Rallye hier nei Schoul virgestallt.
Fir den richtege Wee duerch d’Gebai an de Park ze fannen, goufe si vu 50 Schüler vun Première an Deuxième begleet. Dës erfuere Schüler hunn hinnen dobäi gehollef d’Äntwerten zum Quiz iwwert den Atert-Lycée ze fannen an op dës Arterweis de Lycée besser kennenzeléieren.
Als Ofschloss krute si d’Kantin gewise wou si alleguerten zesummen zu Mëtteg giess hunn.