Wann der iech an der Lescht gefrot huet, firwat den een oder aneren bessi méi verklufft wéi soss rëmleeft, dann leit dat net dorunner, dat Fuesent well amgaang ass, mee dorunner, dat eis geschätzte Primaner grad hier traditionell Mottowoch hunn.
All Dag gëtt et deemno een Motto, un deenen si sech inspiréieren, wéi si sech passend zum Thema kënnen undoen/verkleeden a bréngen esou e bessi méi Fuerf an eise groen Februar-Alldag.
Och d’ Proffen vun de Première-Klassen sinn opgeruff, bei dësem Spaass matzemaachen.