194 Schüler vun de 7e-Klassen aus dem ALR hunn tëschent dem 14. Oktober an dem 6. November 2013 un de Sozialisatiounsdeeg deel geholl.

2013_socaildays

All 7e-Klass war fir zwee Deeg am Center vum SNJ am Mariendall fir de Programm « Meng Klass – Een Team » mat ze maachen. Geschlof hunn d’Klasse jeeweils am Schlass vun Huelmes, waart och vum SNJ gefouert gëtt.

Ziel vun de Sozialisatiounsdeeg ass dat d’Schüler vun enger Klass sech besser kenne léieren an den Zesummenhalt an der Klass gestäerkt gëtt. Dofir hunn d’Schüler ënnert der Leedung vun de Moniteure vum SNJ an a Begleedung vun hirem Régent  véier Aktivitéiten duerchgefouert : Team-building-Games, Tandem-Mountainbike, Bouschéissen a Klammen am Héichseelgaart.

Owes sinn am Schlass vun Huelems och nach a Gruppe Spiller gemaach ginn, dat ënnert der Leedung vun Enseignanten vun der Klass.

D’Organisatioun vun de Sozialisatiounsdeeg ass vum SPOS vum ALR coordinéiert ginn.

Fir d’Schüler war et eng ganz flott Erfahrung, si hunn dem zum Deel net sou gudde Wieder getrotzt an sech als Klass zesumme fonnt. Den positiven Effekt vun dësen zwee Deeg, wärt mat Sécherheet dozou bäidroen, dat d’Schüler vun der Klass an Zukunft nach besser kënnen zesumme schaffen an sech géigesäiteg wäerten ënnerstëtzen.

- Fotoen

Materiallëscht

mini teaser bicher

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Menu du jour

Horaires et vacances

Transport scolaire

TagCloud