„De Wollef ass rëm do!“ – dat ass an der tëscht ganz sécher, nodeems dëst Joer zu Garnech Speechelspueren u gerassene Schof fount goufen…

IMG_4718

Mee wat bedeit dat fir eis, fir de Mënsch an eis Natur? Musse mer fäerten? Solle mer eis driwwer freeën? A wou kënnt de Wollef bei eis iwwerhaapt hir?

Op all dës Froen an nach méi huet den Dr. Laurent Schley virun iwwer 300 Schüler aus dem ALR probéiert Äntwerten ze ginn. Bei sengem éischte Virtrag an engem Lycée huet den Directeur adjoint vun der Naturverwaltung probéiert, de Schüler een objektivt Bild vum elo gréisste Raubdéier a Lëtzebuerg ze vermëttelen. Dobäi huet hien virun allem drop gehalen, dat schlecht Bild vum béisen „Isegrim“ aus dem Mäerchen méi neutral ze kucken a betount, dat et de Mënsch, an nëmmen hien alleng wor, deen dat Déier 1893 a Lëtzebuerg ausgerott huet!

Lo ass de Wollef rëm do, op de Gesell vu Garnech bliwwen oder awer weidergezunn ass, weess keen. Sécher ass, hie koum iwwer Frankräich aus de Vogese bei eis, a gouf net vun der Cargolux ageflunn an a Lëtzebuerg ausgesat, wéi iergendwelch lusch Zeitungen behaapt hunn…

Ça peut vous intéresser:

TagCloud