E Freiden, den 17. Juni woren all d’9e–Klassen vum ALR ee ganzen Dag laang op de « Spuere vun der Ardennenoffensiv » zu Dikrich an zu Wallendorf ënnerwee.
tsArdennenoffensiv2016

Réckbléck: De 16. Dezember 1944 huet d’Wehrmacht eng Iwwerraschungsoffensiv duerch d’Ardennen gestart, fir den Hafe vun Antwerpen ze befreien. Sou hu se gehofft, di alliéiert Truppen vun hirem Ravitaillement ofzeschneiden. Am Januar 1945 konnten di Alliéiert d’Offensiv stoppen an di Däitsch zréckdrécken. Lëtzebuerg gouff fir d‘zweet befreit. Am Ganzen wor eng Millioun Zaldoten am Asaz. Fir d’Amerikaner wor dës „Battle of the bulge“, mat ronn 20.000 Doudegen, eng vun de bluddegste Schluechten iwwerhaapt.

Um Programm vum 17. Juni 2016 stungen d’Visite vum Musée National d’Histoire Militaire zu Dikrich …

… an e puer Statiounen (Bunkeren, Soldatenfriedhof, Lagerstollen...) vum Westwall zu Wallendorf, direkt op der anere Säit vun der lëtzebuerger Grenz!

An der Mëttesstonn huet de Chef vum Service technique, den Nico Welter mat senger Ekipp fir Ierbëssebulli aus enger echter "Gulaschkanoun" gesuergt.

TagCloud