Kierzlech huet eis Delegatioun vun „EU-Junior Ambassadors“ aus dem ALR um EU4Youth-Event am Robert Schuman-Gebai um Kierchbierg deelgeholl.

image2

Eis Junior Ambassadeuren (Anne Steichen, Antonius Kösters, Eric Nothum, Eric Diederich, Kelly Simon, Laurie Henkes, Fränz Hoffmann, Niels Jansen a Felix Muller) waren opgeruff, fir Iddie virzestellen, déi et erméigleche sollen, d’EU fir déi Jonk méi attraktiv ze maachen. Eis Schüler haten de Projet agereecht, fir all d’Péagen, Vignetten a Mautsystemer fir Schüler a Studenten ofzeschafen, sou dat si mat hirer Schüler- oder Studentekaart fräi a käschtegënschteg an Europa reese kënnen an de Wee op hir Uni e gutt Stéck méi bëlleg gëtt.

Eis Junior Ambassadeuren hunn hir Iddi virun de 6 Lëtzebuerger Europadeputéierten, dem Georges Bach, dem Mady Delvaux, dem Frank Engel, dem Charel Goerens, dem Viviane Reding an dem Claude Turmes virgestallt, déi sech vun der Iddi ganz begeeschtert gewisen hunn.

Déi eenzel Virschléi aus de ronn 20 Lycéeë goufen dunn analyséiert an diskutéiert. Et goufen ënnert anerem Theme wéi Sport, déi europäesch Institutiounen, Info-Apps fir Jonker a kulturell Projeten ugeschwat.

D'Junior Ambassadeure goufe vun de Senior Ambassadeuren aus dem ALR, dem Alexis Schloesser an dem Anne Meyer begleet.

E grousse Merci dem Felix Muller, deen de kuerzen Erklärfilm fir eise Grupp aus dem ALR gemaach huet.

TagCloud