Kierzlech huet am ALR de grousse “Midterm-Séminaire” vun der ALNU, der Association Luxembourgeoise pour les Nations Unies, stattfonnt.

01

Op Invitatioun vum Président vun der ALNU, dem Här Guy Rollinger an dem Här Claude Boever, Direkter vum ALR, hunn sech ronn 60 Schüler aus dem Athenée de Luxembourg, dem Lycée classique Diekirch an dem Atert-Lycée zu Réide getraff, fir do iwwert de Fortschrëtt vun hirem “Développement durable”-Projet ze diskutéieren a virun allem neien Input ze sammelen. Wertvoll Informatiounen, nei Denkustéiss an emouvant Detailer kruten si an deem Kontext vum Jean-Louis Zeien, Président vu Fairtrade Lëtzebuerg, deen de Schüler an engem ausféierleche Virtrag d’Bedeitung vum nohaltege Produzéieren a Konsumméieren méi no bruecht huet. Intensivéiert gouf d’Erfarung fir d’Schüler duerch de Bäitrag vun enger Mënscherechtsaktivistin aus dem Bangladesch, déi sech extra op Réiden déplacéiert hat, fir do de Schüler iwwert déi onmënschlech Aarbechtskonditiounen an den Textilfabriken vun hirem Heemeschtsland ze berichten.

TagCloud