Schüler aus dem ALR konnte mat ganz gudde Resultater bei den Olympiaden an den Naturwëssenschaften ofschléissen.

IMG_0120

Bei den Olympiaden an den Naturwëssenschaften hunn eng Réi Schüler aus dem ALR ganz gudd ofgeschnidden.

Bei der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad hat de Jean-Marc Furlano vun der 4CL1 sech fir d'Final qualifizéiert an huet do déi excellent 4. Platz beluecht. Am ganzen haten iwwert 2000 Schüler aus dem ganze Land un dëser Competitioun fir Schüler vun 3e, 4e a 5e deel geholl. An der Halleffinall konnten de Gil Schroeder vun der 3BC op der 36. Platz an de Jim Welter vun der 5CL1 op der 47. Platz ofschléissen. Hinnen allen dräi grousse Respekt fir hier Leeschtung.

Bei der 4. Lëtzebuerger Biologiesolympiad huet sech de Philippe Furlano vun der 1BC fir d'Finale vum 21. Abrëll qualifizéiert. An der Halleffinall huet hien déi excellent drëtt Platz beluecht an huet deemno an der Finale gutt Chancen sech fir déi International Biologiesolympiad, déi am Juli am Iran wäert sinn, ze qualifizéieren. Am ganzen hunn 420 Schüler un dëser Competitioun deel geholl.

Bei der 2. Lëtzebuerger Physiksolympiad hat de Nick Felten bëssi Pech. An der Halleffinall konnt hien sech op der ganz gudder 11. Platz klasséieren, dat ass awer ganz knapp net duer gaange fir kënnen un der Finale deel ze huelen, wëll do waren nëmmen 10 Platzen ze verginn. Déi 11. Platz ënnert 157 Participanten ass awer e richtegt gutt Resultat, virun allem wëll d'Schüler déi virum Nick placéiert sinn all op enger Ofschlossklass sinn.

D'Schoulgemeinschaft vum ALR felicitéiert de Schüler zu hire Leeschtungen.

Méi Detailer op www.olympiades.lu

_1160881
ipho

Physique

logofisikzentriert

TagCloud