Trotz der viller Aarbecht huet den Ouschterhues sech mam Informatik Departement aus dem ALR e Freide virun der Vakanz Zäit geholl fir een Ouschtereeër Téckturnéier am Atert-Lycée Réiden ze organiséieren. Genau 128 Persounen, Schüler an ALR Personal, hunn um Turnéier Deel geholl.
Teaser_OT

Zil war et sech mat engem eenzegen Ouschteree an d’ Final ze técken an déi dann och nach ze iwwerstoen. Verschidde Kandidate konnte schonns Deeg virdrun net schlofe vu lauter Nervositéit. Et gouf geschweesst a geziddert. Zum Schluss konnt et awer just ee Gewënner ginn an dat war dunn d’ Milena Schroeder vun der 3DG wat ee flotten Tablett gewonnen huet. Felicitatioune vun eiser Säit.

 

winner

Fir déi, déi et verpasst hunn heescht et leider waarde bis zum nächste Joer, well elo ass den Ouschterhues total ausgebucht. E puer Impressiounen hu mir awer fir iech festgehalen.

 

Informatique Home

TagCloud