Den 9. Mee 2018 war d’3GCM mat den Häre Pagani a Madimba um Geriicht an der Staat.

3gcm_tribunal-2

Si goufe vun der Madamm Klein (porte-parole de l’administration judiciaire), déi hinne ganz interessant Informatiounen iwwert d’Geriichter matdeele konnt, empfaangen.

D’Klass hat och d’Chance eng flott Entrevue mam Procureur d’Etat M. Schroeder ze kréien, den hinne villes iwwert seng Funktioun a seng Aarbecht erziele konnt.

Desweideren hunn si e puer ganz „spannend“ an impressionnant Fäll „live“ am Geriichtssall materliewe kënnen. 

Et war e gelongenen an interessanten Dag um Geriicht, wou d’Schüler emol gesinn hu wéi d’Theorie aus dem Droit-Cours (aus dem Klassesall) an d’Praxis ëmgesat gëtt.

TagCloud