Informations pour les élèves de l’ALR et leurs parents!

SUSPENSION DES COURS:

Permanences téléphoniques & liens utiles

sepas:

previous arrow
next arrow
Slider
D'3DG an d'2G waren op Esch-Belval an hunn niewent der Fabrik vun ArcelorMittal och deen neien Deel vu Belval besicht.
Teaser_belval

Do wou knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval war bidden sech haut dem Visiteur zwee ganz verschidden Abléck op di lëtzebuergesch ökonomesch Struktur.

Moies goung et an deen ëstlechen Deel vun deem Terrain, do wou ArcelorMittal (d'Nofolger-Gesellschaft vun der ARBED) haut nach en Elektrostoluewen an e Walzwierk bedreift.

No enger kuerzer Aféierung goung et dunn an d’Wierk selwer wou mir eis während 2 Stonnen op enger Visite guidée di verschidde Produktiounsetappe konnten ukucken.

IMG_4666

Nodeems datt dee gesammelte Stolschrott geschreddert ginn ass, gëtt dëse bei extrem héijen Temperaturen (bis zu 1.600 Grad) matt Hëllef vun Elektroden am Elektrouewen geschmolt. Dono gëtt dee geschmoltene Stol a Forme gegoss a gewalzt bis en di gewënschte Form a Längt huet. Um Belval ginn haut virun allem Stolenträger a Palplanchen produzéiert.

Et war schonn impressionant dës imposant Installatiounen ze gesinn, vun deene verschiddener méi wéi 100 Joer um Bockel hunn, an an deenen haut nach eng ronn 1.000 Aarbechter 800.000 Tonne Stol pro Joer produzéieren.

IMG_4717

Fir den Nomëtte war eng Visite vum « néien » Deel vu Belval ageplangt. Nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, wor dësen Deel laang eng Industriebrooch (Friche industrielle).

Hei investéiert de lëtzebuerger Staat am Ganzen bis zu enger Milliard Euro fir aus enger « friche industrielle » een néie Stadvéierel entstoen ze loossen. Domadder ass Belval eent vun de gréisste Stadentwécklungsprojetn aus ganz Europa.

No enger kuerzer Virstellung vum Site am Bâtiment Massenoire goung et dunn ënnert der Leedung vun engem Guide vum Fonds Belval op den Terrain. Niewent den neie Gebaier (wéi der Universitéit) kruten d’Schüler och d’Geleeënheet ee vun deenen zwee restauréierten Héichiewen ze besichen. Duerch des Visite konnten d’Schüler den Iwwergang vun enger Economie déi bis an d’70er Joer’en op d’Industrie baséiert war op de secteur tertiaire eriwwer erliewen.  

WebUntis / Livre de classe électronique

mini teaser bicher

Energietechniker

eqteaser

Menu du jour

Horaires et vacances

Internat

internat teaser

Transport scolaire

Smart-Energy

Interreg GR Smart Energy 4.4

TagCloud

Login module button with popup feature