De Projet « visite guidée vir Flüchtlingen » dee mir organiséiert hunn, mat Hëllef vun der ASTI an dem Luxembourg Tourist Office huet Samschdes de 16. Januar mat Succès statt fonnt.

projet_t3cm_fluechtlinge

Kuerz virun zwou Auer hunn mir eis alleguerten zesummen um Knuedler versammelt an éischt Informatiounen ausgetosch.

Well mir zwee Guiden an een arabeschen Traducteur haten, hu mir eis an zwou Gruppen opgedeelt.

An deem engem Grupp mam franséische Guide waren déi, déi just arabesch verstanen hunn, dowéinst kruten si alles iwwer Headset vum Traducteur iwwersat.
Déi aus dem anere Grupp ware mat engem englesche Guide ënnerwee.

Mat deem wat mir besichtegt hunn, wei zum Beispill Kathedral, Palais, Bockfiels etc. hunn mir selwer dësen Dag och vill bäigeléiert.

No dësem gelongenem Dag, huet d’ASTI eis alleguer ob eng Crêpe an en waarme Schoki an de Veneziano invitéiert. Do hate mir nach eng Kéier d’Méiglechkeet eis mat hinnen ze ënnerhalen.

TagCloud