Lëtzebuerg ënnerhëlt aktuell grouss Bestriewungen fir seng Positioun um europäesche Maart vun der Logistik weiderhin auszebauen.

foto2

Eng gënschteg Lag, am Zentrum vun Europa, kombinéiert mat gezielten Ustrengungen um politeschen Niveau hunn et erlaabt fir d’Positioun vu bestoende Betriber (wéi z.B. d’Cargolux a CFL Cargo)  ze festege mee awer och eng ganz Rëtsch néi Betriber op Lëtzebuerg ze zéien.

Fir eise Schüler dës Branche méi no ze bréngen, koum de Malik Zeniti, Responsabel fir den « Cluster for Logistics » zu Lëtzebuerg, den 23 November bei eis an den ALR an huet an 2 Seancen de Schüler vun eisen ieweschte Klassen déi läscht Developpementer virgestallt. An dem Kontext huet och d’Lynn Zoennen vun der Chambre de Commerce an der Seance Moies de Schüler ee kompakten Iwwerbléck iwwert d’lëtzebuerger Wirtschaft ginn.

Nomëttes huet dunn den Mathias Weinmann, ee jonke Logistiker vun Kuehne+Nagel, erkläert wéi eng Beruffer am Beräich Logistik a senger Firma an den Asaatz kommen.

Dës Presentatioun ass och am Kontext vun der orientation professionnelle vun eise Schüler ze gesinn. Aktuell beschäftegen iwwert 800 Betriber an dësem Secteur méi wéi 13.000 Leit. D’Logistik wäert och weiderhin vill interessant Aarbechtsméiglechkeete bidden - an dat besonnesch wann ee weess dass Lëtzebuerg, prozentual gesinn, aktuell manner Leit an dësem Secteur beschäftegt wéi eis direkt Noperen.

foto1
foto3
foto4

TagCloud