D'Schüler vun der 2GCG haten e Méindeg 17. Juni hire Vernissage vun hirem Projetsresultat am Musée vun den ale Beruffer zu Bieckerech.

image3

D' Thema vun hirem Projet, den si am Kader vum Fach "Gestion de projets" realiséiert hunn, war dëst Joer d'Dynamiséierung vum Musée vun den ale Beruffer vun der Mille vu Biekerech. An dem Kontext hunn d'Schüler Photoaarbechten, Audiofichiers a Filmer realiséiert, déi en sech elo kann am Musée ukucken. De Projet gouf duerchgefouert no der Method "Léieren duerch Engagement/Service Learning". D'Schüler hunn en Engagement fir d'Allgemengheet gemaach an sech parallel mat den Beruffer vu fréier, deene vun haut an der Aarbecht vun der Zukunft auserneegesat. Macht iech selwer är Meenung a visitéiert de Millenmusée zu Bieckerech.

TagCloud