De 6. Mäerz 2019 war d’3GCM mat den Häre Pagani a Ries um Geriicht an der Staat an an der Chambre des Députés.

IMG_8238

Si goufen um Geriicht vun der Madamm Klein (porte-parole de l’administration judiciaire), déi hinne ganz interessant Informatiounen iwwert d’Geriichter matdeele konnt, empfaangen.

D’Klass hat och d’Chance eng flott an informativ Entrevue mam Greffier, dem Här Del Bene, ze kréien, den hinne villes iwwert seng Funktioun a seng Aarbecht erziele konnt.

Desweideren hunn si e puer ganz interessant Fäll „live“ am Geriichtssall materliewe kënnen. 

Duerno haten d’Schüler och d’Chance an d’ “Chambre des Députés” ze goe wou si vum Deputéierten, dem Här André Bauler, häerzlech empfaange gi sinn. Den Här Bauler huet de Schüler vir d’éischt interessant historesch Informatiounen iwwert déi aktuell Chamber's matgedeelt. Duerno waren si an de Plenarsall an hunn vill Froen un den Här Bauler gestallt.

D’Madamm Heinen (responsable des relations publiques) huet d’Klass och duerno empfaangen an de Schüler de ganze Studio vun der « Chamber TV » gewisen an erkläert wéi all Kamera’en zentral gesteiert ginn.

Et war e gelongenen an interessanten Dag um Geriicht an an der Chambre des Députés, wou d’Schüler emol gesinn hu wéi d’Theorie aus dem Droit-Cours (aus dem Klassesall) an d’Praxis ëmgesat gëtt.

- Artikel op mywort.lu

TagCloud