Dëst Joer sinn am ALR net manner wéi 5 Mini-entreprisen gegrënnt ginn!

benen

Eis Mini-Entrepreneuren sinn aktuell nach an der „phase de développement et de production“ mee freeën sech schonn drop iech an nächster Zäit hier Produiten och zum Kaf unzebidden.

Hei eng kuerz Beschreiwung vun den Entreprisen an hiren Produiten.

 

D’Mini-entreprise „BOMB!“ kommerzialiséiert Badebomben, déi am ALR am Kader vun enger Aktivitéit hiergestallt ginn. Hire Produit setzt sech aus reng natierlechen Ingredienten zesummen a suergt fir ee bessert Hautgefill.

 

„EasyGum” offréiert iech Knätsch an enger origineller Verpakung sou wéi spezielle Goûten. Dëst Produit versprécht iech en neit Erliefnis zu engem interessante Präis. Déi nohalteg Verpakung kënnt dir ëmmer erëm nofëllen, sou datt dir ëmmer frëschen Otem hutt..

 

„Sweet Delights” verkeeft artisanal produzéiert Hunnegkamellen a sou genannte „Stroopwafels”, eng séiss Spezialitéit vun eisen hollännesche Frënn.

Een Deel vun hirem Profit wäerten si fir ee gudden Zweck spenden.

 

D’Mini-entreprise „Minichoco“ verkeeft héichqualitativ Friichte mat Schockela, produzéiert hei zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat der Fondation Tricentaire vu Biissen.

Si bidden iech dräi verschidden Zorten un : Figen oder Rosénge mat Mëllech-Schockela, oder Orangeats mat schwaarzem Schockela.

 

“À l‘Eau de Rose” steet am Zeechen vun der selwergemaachter Naturkosmetik. Eis Mini-Entreprise verkeeft héichwäerteg Gesiichtsmasken an e Kierperpeeling. All eis Produkter sinn am Kosmetikatelier vun der ALR-Talentförderung entworf a produzéiert ginn.

TagCloud