awr


 

Nom groussen Erfolleg vum Invitatiounstournéier am Football, Streetball a Völkerball an dem 1. Atert Warrior Run steet elo dat lescht Sport-Event am Kader vum 10. Gebuertsdag vum ALR virun der Dir.

Mellt iech un, fir DONNESCHDES, de 27. Juni 2019 beim ALR-Cross-Triathlon deelzehuelen.

Di 250 m Schwammen – 6 km Mountainbike – 1,6 km Lafen kënnen entweder als Eenzelstarter oder als Staffel am Team bewältegt ginn.

Schüler, Elteren a Personal aus dem ALR si wëllkomm fir mat ze schweessen oder als Zuschauer di aner unzefeieren an e Pättchen drénken an iessen ze kommen.

 

ab 14h30: Triathlon LASEL

ab 15h30: Grill a Gedrénksstand

ab 16h00: kënnt dir äre Velo an de Veloskeller siche kommen, wann dir e Velo vun der Schoul braucht

16h15 - 16h45:
- kënnt dir ären Dossard siche kommen
- d’Velosstreck offueren
- aschwammen

bis 16h45: all Velo muss an der Wiesselzone stoën

16h50: kuerze Briefing an der Schwemm

17h00   Start vun der Course

 

 

TagCloud