Mëttwochs, de 6. November war d’Optioun Sport an der Sportshal vun der École Privée Sainte-Anne fir do mat Sportler déi eng geeschteg Beanträchtegung hunn e flotten Owend ze verbréngen.

08

Bei verschidden Aktivitéite wéi zum Beispill Volleyball, koordinativ a motoresche Spiller, an enger Aart Staffellaf, hunn sech d’Schüler an d’Proffe vun der Optioun Sport ganz gutt mat de special Athletes verstanen an haten sou eng wierklech flott Erfarung. Virun allem am Hibléck op hir zukünfteg geplangte Sensibilisatiounscampagne am Beräich vum behënnerte Sport wäerten des Erfarungen de Schüler a Proffen eng grouss Hëllef sinn.

TagCloud