Workshop zum Thema nohalteg Investitiounen

Workshop zum Thema nohalteg Investitiounen

Den 28. Mäerz haten d’Schüler aus 4 Klassen aus dem ALR souwéi eng Rei BTS-Studenten aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck d’Geleeënheet fir un engem Workshop iwwert d’sustainable finance deelzehuelen.

Geleet gouf dës Aktivitéit vun der Madamm Maria Tapia an der Madamm Laura Marongiu  vun der Luxembourg Sustainable Finance Initiative (LSFI). D’LSFI huet als Zil Initiativen am Beräich vun der nohalteger Finanz ze ënnerstëtzen a bekannt ze maachen. 

Wärend dësem Workshop goufen d’Schüler a Studente fir d’éischt mat de Grondbegrëffer vum Investéiere vertraut gemaach, dono krute si gewise wat fir een Afloss d’Decisiounen an dësem Beräich op d’Ëmwelt an d’Gesellschaft hunn. Zum Schluss konnte si selwer ee (fiktive) Portfolio zesummesetze, wou si déi geléiert Begrëffer ëmsetze konnten. 

Um Internet-Site vun der LSFI fannt Dir weider Informatiounen zum Thema nohalteg Finanzen: https://lsfi.lu/fr/ 

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt. 

 

 

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons