Tëschent Ais an Zukunft – Virtrag a Workshops

Tëschent Ais an Zukunft – Virtrag a Workshops

Am Kader vum Projet „Tëschent Ais an Zukunft“ am Atert-Lycée Réiden kruten d’Schülerinnen a Schüler spannend Ablécker an d’Welt vun de Gletscher, dem Klimawandel an der Fuerschung.

 D’Glaziologin Marie Schroeder vun der Universitéit Innsbruck huet en uschauliche Virtrag gehalen an dobäi och aus hirem Alldag als Fuerscherin erzielt.

An de Workshoppen duerno, geleet vum Marie Schroeder an engem pedagogesche Mataarbechter vum SNJ „Natur Erliewen“, konnten d’Schülerinnen a Schüler selwer experimentéieren. Si hunn ënner anerem d’Beweegung vu Gletscher, d’Steige vum Mieresspigel, Mieresstréimungen, d’Erwiermung duerch den Albedo-Effekt an den Afloss vum Schmelze vun de Gletscher op de Salzgehalt vun den Ozeaner ënnersicht.

Sou goufen wichteg Zesummenhäng ronderëm Äis, Waasser, Klima an Zukunft op eng praktesch Manéier erliewbar gemaach.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons