Den ALR sicht Studenten (mat enger ofgeschlossener Première am ESC oder ESG) déi Nohëllef am Kader vun der Summerschool 2026 kënne ginn, dëst fir d'Klasse vu 7e bis 2e an de Fächer Franséisch, Däitsch, Englesch, Mathematik, an an de Sciencen (BIOLO, PHYSI, CHIMI, SCIES. asw).
D'Summerschool ass vum 31. August bis den 11. September 2026 inclus an d'Studenten déi d'Nohëllef assuréiere ginn zu engem ganz intressanten Tarif bezuelt. Et ass méiglech just eng vun den zwou Woche Coursen ze assuréieren.
Wien intresséiert ass, kann sech bis de 20.07 iwwert follgende Link aschreiwen. Denkt bei der Aschreiwung drun d‘ Feld „contacté par une direction“ ze bestätegen an den „ALR“ auszewielen.
Wien wieder Informatioune well hunn, ka gäre beim Service éducatif vum ALR nofroen: 26 62 32 - 336. Am Dokument „FAQs Studenten“ fannt dir och nach Informatiounen.“