Summerschool 2024
Featured

Summerschool 2024

Den ALR sicht Studenten (mat enger ofgeschlossener Première am ESC oder ESG)  déi Nohëllef am Kader vun der Summerschool 2024 kënne ginn, dëst fir d'Klassen vun 7e bis 2e an de Fächer Franséisch, Däitsch, Englesch a Mathématik. 

D'Summerschool ass vum 2. September bis den 13. September 2024 inclus an d'Studenten déi d'Nohëllef assuréieren ginn zu engem ganz intressanten Tarif bezuelt. Et ass méiglech just eng vun den zwou Wochen Coursen ze assuréieren.

Wien intresséiert ass, ka sech bis de 17.07 iwwert folgende Link aschreiwen: http://edulink.lu/9d8k. Denkt bei der Aschreiwung drun d‘ Feld „contacté par une direction“ ze bestätegen an den „ALR“ auszewielen.

Wien wieder Informatiounen well hunn, ka gären gäre beim Service éducatif vum ALR nofroen: 26 62 32 - 333.  Am Dokument „FAQs Studenten“ fannt dir och nach Informatiounen.“

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

Contact BTS RH:
bts@alr.lu

 

 

Recherche

Icons