Stickeralbum 2021/22

Stickeralbum 2021/22

Nom enorme Succès 2018/19 hu mir endlech erëm e Stickeralbum am ALR. De Verkaf goung ab dem 18. Januar 2022 lass, an no mol net enger Woch ware just nach e puer Alben iwwreg.
Mir hoffen dir hutt vill Spaass beim Sammelen a beim Tauschen.

Update 24. Januar 2022

Ab haut kritt een d'Stickeren just nach an der Bibliothéik ze kafen.
Et sinn och nach e puer Alben do, fir déi di e bëssen méi spéit dru sinn.

Stickeralbum 2021 - 2022

All Klassen, all Enseignant an all Member vum Personal sinn am Album dran. Iwwerall stinn d'Nimm vun de Persounen dobäi, sou dass ee nach laang kann dra noliese goen.

De Verkaf fänkt Dënschdes den 18. Januar un. Mir verkafen am Hall, an der Bibliothéik, an och am Couloir am C1 beim Informatik Büro.
Den Album kascht 5,00€, eng Enveloppe mat 23 Sticker kascht just 2€.
Dann heescht et: sammelen, tauschen an apechen. Wat ee méi tauscht wat et méi bëlleg gëtt. Fäert och net är Proffen ze froen fir ze tauschen, well si wäerten och fläisseg sammelen.

Déi éischt Editioun 2018/2019 war en enorme Succès an d'Alben no e puer Deeg ausverkaf. Och dëst Joer gëtt et just eng limitéiert Unzuel vun Alben, also heescht et sech méiglechst séier bäi ze maachen. Et gi keng nei Albe drécke gelooss.

Sur le même sujet

Adresse

Atert Lycée Réiden
1, rue du Lycée
L-8508 Redange/Attert

Contact

Réception: 26 62 32 - 100
Direction: 26 62 32 - 200
Fax: 26 62 32 - 299
E-Mail: secretariat@alr.lu

Secrétariat élèves:
26 62 32 - 210 ou - 211
eleves@alr.lu

 

 

Recherche

Icons